Accessibilitéit

D'Organ "Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)" verflicht sech derzou säi Site accessibel ze gestalten, konform mam Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vun den Internetsitten a mobillen Applikatioune vun den Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitsdeklaratioun bezitt sech op: applaus.lu



Wat ass déi digital Accessibilitéit?

D’Zil vun der digitaler Accessibilitéit ass et, datt Persoune mat engem Handicap de Web an déi mobil Applikatioune kënne benotzen.



Konformitéitsstatut

Dëse Site ass deelweis konform mat der europäescher Norm EN 301 549 souwéi mam Referenzwierk fir d’Bewäertung vun der Web-Accessibilitéit (RAWeb) v1, dat dës Norm implementéiert, dëst opgrond vun den Elementer, déi heidrënner opgezielt sinn.



Net-accessibelen Inhalt

Déi hei opgelëschten Inhalter sinn aus follgende Grënn net accessibel:



Onverhältnesméisseg Belaaschtung


  • Et kann net garantéiert ginn, dass all produzéiert Inhalter d'Prinzippie vun der Accessibilitéit respektéieren.
  • Multimedia-Dateie (Video, Audio) sinn op visuell/auditiv Notzung ausgeluecht a kënnen dohier net ënnert enger anerer Form zougänglech gemaach ginn. (Beispiller: Playback-Track fir matzesangen, Video wou Danzbeweegunge virgefouert ginn…).
  • Och verschidden Dokumenter (z.B. Foto oder Zeechnung vun engem Instrument, …) si just visuellt Anschauungsmaterial.
  • Net all Inhalt ass op 3 Sprooche verfügbar; Et ass net ëmmer markéiert wann ee Sproochewiessel stattfënnt.


Virbereedung vun dëser Accessibilitéitsdeklaratioun

Dës Deklaratioun gouf de(n) 26. August 2025 erstallt. D'Angaben an dëser Deklaratioun sinn exakt a baséieren op enger effektiver Bewäertung vun der Konformitéit vun dësem Site mat den Ufuerderungen, déi am RAWeb 1 fixéiert sinn, wéi eng Evaluatioun vun engem Drëtten "EducDesign S.A.".



Feedback a Kontakt


  • entweeder schrëftlech an engem Dokument oder enger E-Mail
  • oder mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.


Prozedur, déi et erlaabt, d’Anhale vun de Bestëmmunge sécherzestellen

Am Fall, wou d’Äntwert net befriddegend wier, hutt Dir d’Méiglechkeet, den Informatiouns- a Pressedéngscht, dee fir d’Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwer säin Online-Reklamatiounsformulaire oder d'Ombudspersoun, de Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, ze informéieren.



Dës Deklaratioun baséiert op der Virlag vum Dokument, dat an der Ausféierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiert ass. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun a gëtt ënner enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz verëffentlecht.