Zum Haaptinhalt sprangen

Projeten Music Video



2021/22



Nocher


D'Kanner aus dem C3 vun Nacher hu fläisseg geübt an den Uebstkanon, d'Réngelnatter, de Wäschbier a Mir wäschen d'Hänn opgeholl.
Sou si 4 flott Videoclips entstan déi fir d'Kanner eng bleiwend Erënnerung wäert sinn.
Fir d'Videoën ze kucken, klick op dës Links:
"D'Réngelnatter"
"Mir wäschen d'Hänn"
"Uebstkanon"
"De wëlle Wäschbier"

Zolver


D'Kanner aus dem C2.1 vun der Joffer Kendra Weber vun Zolver
hu fläisseg 3 kleng Lidder gesongen, selwer begleet an dobäi gedanzt.
Fir de Video ze kucken, klick op dëse Link:
"Bim-Bam, Tip-Tap, 3 Ägypter"

Wiltz


D'kanner vum C2 aus der Schoul Millermoaler zu Wolz hate vill Spaass beim Record a Video Day mat hirem Lidd "Eisbärsong".
Dëst war ee flotte Projet rondrëm den Äisbär a gouf geleet an astudéiert vun der Joffer Mim.
Fir de Video ze kucken, klick op dëse Link:
"Eisbärsong"

Rosport


D'Kanner aus dem C2.1 aus der Klass vum Charel Conrad vu Rouspert
hunn dëst flott Lidd an 3 Sproochen gesongen a mat den Instrumenter begleet.
Fir de Video ze kucken, klick op dëse Link:
"I like the flowers"

Bertrange


D'Kanner aus der Klass vun der Joffer Caroline Tschiderer vu Bartreng hu sech zum Thema Corona
dëst coolt Lidd afale gelooss.
Fir de Video ze kucken, klick op dëse Link:
"Party Time"

Sandweiler


D'Kanner aus dem C3.2 vu Sandweiler aus der Klass vun der Joffer Olivia hunn dëst coolt Lidd, mat ville Méiglechkeeten eng 2e, 3e...Stëmm derbäi ze sangen opgeholl.
Fir de Video ze kucken, klick op dëse Link:
"Singing all together"

Wincrange


Geschicht aus dem engleschen iwwersat "What a Ladybird heard"
D'Anne Dichter an d'Myriam Goessens hunn dës Geschicht op lëtzebuergesch iwwersat.
mimamu huet d'Musek derbäi geschriwwen. Op der ferme pédagogique zu Wëntger
hunn d'Kanner mat vill Spaass a Begeeschterung dës Geschicht gespillt a gesongen.
Fir de Video ze kucken, klick op dëse Link:
"Wat d'Himmelsdéierchen héieren huet"

Wilwerwiltz


D'Kanner vum C 3.2 aus der Schoul vu Wëlwerwoltz hunn de Song "Be a Hearo" vu Rocklab op hir Manéier interpretéiert.
Dëse Song gouf extra geschriwwe vun der Rocklab-Band am Kader vum Projet "Be a Hearo", wou d'Museker vun der Band d'Instrumenter an de Song erklären.
Op mimamu fënns du en dossier pédagogique vum Bob zu dësem flotte Projet.
Fir de Video vun de Kanner vu Wëlwerwoltz ze kucken, klick op dëse Link:
"Be a Hearo_Wëlwerwoltz"