Zum Haaptinhalt sprangen

A Play in a Day



2019/2020



Miersch, 25. November 2019

Den 22. November war den éischten "A play in a day" am Mierscher Kulturhaus.

Den "A play in a day" ass eng Offerte vu mimamu/makedra, an erméiglecht een Theater/Museks-Optrëtt innerhalb vun engem Dag

D'Equipe mimamu-makedra huet mat 3 Klasse vum C 4.1 aus der Mierscher Grondschoul e ganzen Dag geprouft a geschafft an zesumme mat de Kanner en Theaterstéck kreéiert.
Dëst Theaterstéck huet aus enger Rei Zeene bestan, déi vun de Kanner selwer ausgeduecht si ginn.

Owes um 19.00 war dunn e flotten Optrëtt virun de Kanner hiren Elteren, Enseignant(ë)en an intresséiertem Publikum.

45 Minutte laang hunn d'Kanner hir Theaterzeenen, musikalesch Intermezzoen a Lidder virgedroen, a goufen zum Schluss mat vill Applaus a Standing Ovation fir hire schéinen Optrëtt belount.

E grousse Merci alle Kanner, den Enseignant(ë)en an dem Mierscher Kulturhaus fir dëse schéinen Dag.
Fir de Video ze kucken, klick einfach op dëse Link:
A Play in a Day Miersch


Leideleng, 31 Januar 2020


Hei kënnt dir ee Film gesinn iwwer de kreative Prozess vum Play in a Day zu Leideleng.
Vu moies 8.30 un bis zum Moment vun der Opféierung um 19.00.
Fir de Video ze kucken, klick einfach op dëse Link:
A Play in a Day Leideleng