Zum Haaptinhalt sprangen

makedra.lu a menger Klass 2025



den AFTERMOVIE



De 24. Juni 2025 huet 'makedra (Maach (k)een Drama)' seng IFEN-Formatioun 'makedra.lu a menger Klass' am Kulturhaus Niederanven organiséiert.

Zousätzlech zu de gewinnte Spiller, Übungen a Reflexioune ronderëm de Beräich vun der Theaterpedagogik, hunn d’Participanteën sech ganz kreativ an de Beräicher Beweegung an Danz expriméiere kënnen.

Textaarbecht verbanne mat Kierpersprooch an Improvisatioun war hei ee vun den Ziler vum Nomëtten. Hei gouf op Basis vu bestoende Liddertexter aus dem didaktesche Material 'Salut, c’est parti' an 'Salut, c’est magique' geschafft. Aus dësem vertraute Schoulmaterial eraus hunn d’Gruppen u kuerzen Optrëtter am Beräich vun der Bünekonscht geschafft a soumat och d’Inhalter vun den Texter op eng nei Aart a Weis integréiere kënnen.

Vill Freed, Laachen a Spaass op der Bün vum Kulturhaus an Applaus fir d’Participanteën, déi mat enger Rei neier Iddien een neien an zousätzleche Bléck op d’Léierziler vun hire Schoulkanner werfe kënnen.




Dëst ass ee Vimeo Video. Klickt hei, fir Cookien vu Vimeo z'akzeptéieren.