
a play in a day 2019
Miersch, 22. November 2019
Miersch, 22. November 2019
Den 22. November war den éischten "a play in a day" am Mierscher Kulturhaus.
Den "a play in a day" ass eng Offerte vu mimamu/makedra, an erméiglecht een Theater/Museks-Optrëtt innerhalb vun engem Dag.
D'Equipe mimamu/makedra huet mat 3 Klasse vum
C 4.1 aus der Mierscher Grondschoul e ganzen Dag geprouft a geschafft an zesumme mat de Kanner en Theaterstéck kreéiert.
Dëst Theaterstéck huet aus enger Rei Zeene bestan, déi vun de Kanner selwer ausgeduecht si ginn.
Owes um 19.00 war dunn e flotten Optrëtt virun de Kanner hiren Elteren, Enseignant(ë)en an intresséiertem Publikum.
45 Minutte laang hunn d'Kanner hir Theaterzeenen, musikalesch Intermezzoen a Lidder virgedroen, a goufen zum Schluss mat vill Applaus a Standing Ovation fir hire schéinen Optrëtt belount.
E grousse Merci alle Kanner, den Enseignant(ë)en an dem Mierscher Kulturhaus fir dëse schéinen Dag.
(Fotoen: Jeff Elcheroth)
» Fotoen