Zum Haaptinhalt sprangen
Rentrée 2021/22
14.09.2021
Material fir de Schoulufank
makedra wënscht iech all eng schéi Rentrée!
Fir de Start an dat neit Joer nach méi flott ze gestallten, fannt dir eng Auswiel vun 12 Drama-Fichen aus dem Beräich: Team Building.
Des theaterpedagogesch Spiller solle Spaass maachen, an d’Klass, an där de Schüler(in) d’Schouljoer ufänkt, als Ekipp positiv stäerken.
Zesumme Spaass hunn, sech vertrauen, zesummewuessen, sech a seng Matschüler akzeptéieren a respektéieren, sech matdeelen an och nolauschtere kënnen, zesummen een Zil hunn, a villes méi…