Zum Haaptinhalt sprangen

Newsletter

10.09.2020

Newsletter September

2020



mimamu / makedra Info

Léif mimamu/makedra-User,

Am Numm vum SCRIPT - Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques, erlabe mir eis an dëser Newsletter, iech eng Rei vun eisen Aktivitéiten fir d’Schouljoer 2020/21 virzestellen.
Bei Interessi un engem vun eise Projeten kënnt dir iech iwwer mimamu-kontaktmakedra-kontakt oder iwwer de betreffenden Umeldungsformular bei eis mellen.
Mir weisen drop hinn, dass wéinst Covid-19 all eis Interventiounen an der Klass  der jeeweiliger Situatioun ugepasst sinn. All Aktivitéiten an der Schoul oder op ëffentleche Plaze ginn deemno zesumme mat iech geplangt am volle Respekt zu de ministerielle Consignen.
Verschidde Projeten (*) kéinten deemno variéieren, respektiv reduzéiert stattfannen.

  • “and…ACTION” (*)
  • Hëllefstellung a Schoulen
  • Neit Material
  • Lëtzebuerg (er)liewen - Semaine du patrimoine (*)
  • Record Day (*)
  • Formatioune mimamu/makedra
  • schouldoheem.lu
  • Tours des melodies (*)
  • Kenns du d’Museksinstrumenter?
  • « Salut c’est parti ! » « Salut c’est magique ! »
  • Panewippchen-Lidder

“and…ACTION!” mat mimamu/makedra (*)

Hutt dir Loscht mat ärer Klass eng Filmproductioun oder e Videoclip ze realiséieren an d’Schüler/innen virun an hannerun der Kamera an Aktioun ze gesinn?
Dann ass „and…ACTION“  genee dat Richtegt.
En Horrorfilm fir Halloween? Eng Chrëschtdagsgeschicht? En ergänzende Film oder Clip zu engem aktuellen Thema an der Klass? Vläicht awer och e Museksclip oder e Sketch?
Mat „and…ACTION“ léieren d’Kanner schauspillen, Zeene gestalten, Storyboard zeechnen, mat der Kamera filmen, Dialoge schreiwen, sangen, musizéieren, Film-Sounds a villes méi…
Zesumme mat mimamu/makedra gestallten a produzéieren d’Kanner hiren eegene Film oder Clip.
Den Zäitraum vum Projet an d’Zuel vun den Interventiounen  gi sur mesure zesumme mam Enseignant(e) de classe definéiert. mimamu/makedra iwwerhëllt d’Postproduktioun vum jeeweilege Projet.
Fir all weider Informatioune kënnt d’Equipe vu mimamu/makedra bei iech an d’Schoul a presentéiert iech de Projet am Detail.
Umeldung iwwer mimamu-kontakt oder makedra-kontakt.

Hëllefstellung a Schoulen

Feelt et un Iddien, oder un neiem Material fir d‘Musek an den Theater? Braucht dir e Playback, Nouten, eng Karaokeversioun, oder eng Transkriptioun vun engem Lidd?
E Schnuppercours am Theaterberäich, eng Hëllefstellung fir en Theaterstéck? Oder Support bei der Realisatioun vun engem gréisseren Theaterprojet?
Iwwer mimamu/makedra-Kontakt hutt dir zu all Moment d’Méiglechkeet iech Hëllef an ärer Schoul ze froen. Dëst ka punktuell sinn, oder eng Begleedung vum Enseignant fir een  definéierten  Zäitraum.

Neit Material op mimamu/makedra

De Site vu mimamu/makedra gëtt reegelméisseg mat neiem didaktesche Material gefëllt, an ënner News gëtt dëst neit Material annoncéiert.
Op mimamu fannt dir Lidder, ugepasst un d’Joereszäiten a Liene mat Evenementer an Themen. Rhythmik, Bodypercussion, Boomwhackers, Quiz/Rätsel, Musek- an Instrumentespill sou wéi och d‘Lidder sinn zum groussen Deel a Form vu Powerpointpresentatioun a Karaoke-Film duergestallt.
Donieft fannt dir och Material fir besoins spécifiques. Dëst sinn zum Deel Lauschter-, Beweegung-, vereinfacht Sang- a Rhythmik-Aktivitéiten sou wéi adaptéiert Material fir Kanner mat ageschränkter Vue.
Op makedra fannt dir Material fir an der Schoul Theater ze spillen. D’Theaterfichë sinn no
7 Themeberäicher opgedeelt. Dës Theaterfichë kënne fräi no Themeberäich ausgewielt, a jee no Alter an Zäitopwand benotzt ginn. Donieft thematiséieren all d'Theaterfichë verschidden Drama Tools, déi am Glossaire opgelëscht an erkläert ginn,  fir als theaterpädagogesch Kompetenzen iwwergräifend behandelt ze ginn.

Lëtzebuerg (er)liewen (*)

„Op Besuch beim Melusina“
17. Mee - 21. Mee 2020
mimamu/makedra
 invitéieren iech, an Zesummenaarbecht mat der Abtei Neimënster, vum 17. Mee bis den 21 Mee op d’Semaine du patrimoine.
Hei offréiere mir de Schoulklassen aus dem Fondamental, zesumme mat hiren Enseignante(ë)n, ee ganzen Dag Museks- an Theateraktivitéiten.
Sou (er)liewen d’Schoulkanner  op eng flott Art a Weis de Räichtum an d’Diversivitéit vum Lëtzebuerger kulturelle Patrimoine.
Den Oflaf, d’Umeldung an all weider Infoe fannt dir deemnächst op 
www.mimamu.lu  ënner „News“.

Record-Day (*)

Hutt dir Loscht e Lidd vu mimamu opzehuelen?
De Record Day erméiglecht eng Opnam an engem professionellen Tounstudio oder  bei iech an der Schoul.
mimamu/makedra encadréiert de Projet vu senger Kreatioun bis hin zum Record Day.
Zum Beispill: Lidd-Opnam, Text-Opnam, „Höhrspiel“-Opnam, …
D‘Opname ginn duerno op mimamu/makedra presentéiert.
Fir mat iech e Record-Day ze organiséieren, kënnt dir ganz einfach iwwer mimamu-kontakt eng Ufro maachen.
Weider Infoen a Fotoe fannt dir op mimamu/makedra.

Formatiounen-mimamu/makedra

D’Equipe mimamu/makedra offréiert fir d’Joer 2020/21 eng Rei Museks an Theater-Formatiounen.
Weider Infoe fannt dir op mimamu resp.makedra ënner „Formatiounen“ oder direkt iwwer folgend Linken:
mimamu:
mimamu fir de C2-Lidder, Rhythmus, Instrumentespill, Boomwhackers & CO.
mimamu fir de C3-Lidder, Rhythmus, Instrumentespill, Boomwhackers & Co
mimamu fir de C4-Lidder, Rhythmus, Instrumentespill, Boomwhackers & Co.

makedra:
Theater am Fondamental a menger Klass
Theater am Fondamental a menger Klass

schouldoheem.lu

Och an dësem Schouljoer ass mimamu/makedra op schouldoheem.lu online.
Op mimamu/makedra-schouldoheem fënns du ganz vill Flottes iwwer Musek an Theater. Zesumme mat mimamu kanns du sangen, danzen, Instrumenter bastelen, Rätsel léisen a villes méi.
Zesumme mat makedra kanns du kreativ schauspillen, inzenéieren a schreiwen, zesumme prouwen a spillen, filmen a villes méi.
D’Materialen op schouldoheem.lu sinn all sou zoubereet ginn, dass d’Kanner zesumme mat den Elteren doheem, ouni Hëllef, flott an interessant Museks-Theater a Bastelaktivitéiten maache konnten.

Tours des mélodies (*)

Den Tour des mélodies ass eng Initiativ vum INECC (Institut Européen Chant Choral), an der Zesummenaarbecht mat de Kulturhaiser an de Museksschoulen aus verschiddene Regiounen, a gëtt ënnerstëtzt vum SCRIPT.
An diversen Atelieren dréint sech an engem Moien alles rondrëm Musek an de Gesank fir d’Schoulkanner aus dem Enseignement fondamental.
Umeldung an Infoen:  www.inecc.lu

Kenns du d’Museksinstrumenter?

Zesumme mat der Musique Militaire Grand-Ducale produzéiert mimamu/makedra
« Léiervideoen », déi déi verschidde Blosinstrumenter virstellen. Dës kleng Presentatioune si vu Schoulkanner ausgeschafft ginn. Dëse Projet wäert Enn 2020 opruffbar sinn.
mimamu/makedra wäert och an Zukunft nach weider Filmer zu verschiddenen Themen am Beräich Musek an Theater produzéieren. Schoulklassen, déi intresséiert si fir bei sou engem Projet matzemaachen, kënne sech iwwer mimamu/makedra-Kontakt mellen.

« Salut c’est parti ! » « Salut c’est magique »

Am Kader vum « l’apprentissage du français au cycle 2 an 3 », hunn den Eric Falchero, d’Sandra Morroni, Jeff Koob, Marc Weydert, Claudine Dahm an d’Equipe vu mimamu eng ganz Rëtsch Lidder geschriwwen, déi zu den Theme vun den eenzelnen Unitéite passen. Am Laf vun dësem Schouljoer fannt dir all dës Lidder och als Partitur a  mat engem Playback op mimamu.

Panewippchen-Lidder

De Panewippchen ass eng Zeitung vum Naturmusée  mat Themen aus Natur an Ëmwelt a kënnt 4-mol am Joer eraus.
An allen Ausgabe vum Panewippchen fannt dir e flott Lidd zu engem vun den Themen.
All dës Lidder sinn nei komponéiert gi vun der Equipe mimamu.
Dir fannt alleguer dës Dokumenter op 
www.mimamu.lu/pw oder och an den News. 

mimamu/makedra ass frou iwwer all Ureegung, Feedback, Kritik a Material ärer Säits.

Bescht Gréiss,
d'Equipe mimamu/makedra