Zum Haaptinhalt sprangen

Lëtzebuerg (er)liewen



Semaine du patrimoine

annulé



 

« Op Besuch bei der Melusina »

mimamu/makedra, an der Zesummenaarbecht mat der Abtei Neimënster, invitéieren op Lëtzebuerg (er)liewen.
Um schéine Site Neimënster am Stadgronn (er)liewen d’Kanner zesumme mat hiren Enseignante(ë)n flott Aktivitéite ronderëm Theater a Musek.

Vu méindes, dem 25. Mee bis donnesdes, den 28. Mee, offréiere mimamu/makedra Theater a Museks-Atelieren fir de C2-C4.
Vu méindes bis mëttwochs gëtt all Dag  vu moies 9.00 Auer bis mëttes 15.00 Auer jeeweils mat  2 Klasse  geübt a geschafft.
Donnesdes, den 28. Mee  vun 11.00 Auer u sinn déi 6 Klassen aus deenen 3 verschidden Ziklen zesummen.
Owes um  18.30 Auer ass dann eng ëffentlech Opféierung am Sall Robert Krieps am Neimënster.

Dat heescht:
Wann dir  interesséiert sidd matzemaachen, sidd dir   EEN Dag, (méindes, dënsdes oder  mëttwochs) an der Abtei Neimënster fir ze prouwen, AN natierlech donnesdes fir d’Generalprouf an d’Opféierung.

Eng Info-Versammlung mat deenen Enseignante(ë)n, déi no der Umeldung zréckbehale si ginn, ass mëttwochs, de 25. Mäerz um 18.00 Auer zu Walfer um Script.

Fir all weider Infoen an Detailer mellt iech  w.e.g iwwer mimamu/makedra-Kontakt.

De Formulaire fir sech unzemelle  fannt dir wann dir op de Button „Op Besuch bei der Melusina“ klickt.

Umellung