Zum Haaptinhalt sprangen

Inklusioun:

20.11.2020

Accessibel Materialie fir Kanner mat enger Séihbehënnerung



Zanter der Rentrée bitt mimamu verstäerkt Materialien un, déi och fir Kanner mat ageschränkter Siicht accessibel sinn. 
Dozou gehéieren Audio-Erklärungen, adaptéiert Fichen an Texter, Textdokumenter, déi mat enger Braillezeil liesbar sinn, souwéi adaptéiert Boomwhackernouten mat Symboler fir d'Faarwen.  

Dir fannt des Materialie vun elo un ëmmer ënnert dësem neien Icon.
Fir spezifesch no Lidder an Aktivitéiten ze sichen, déi iwwer esou adaptéiert Material verfügen, gitt d'Stëchwuert "CDV" an der Sichfunktioun an. 

D'Ekipp vu mimamu ass heibäi frou iwwert d'Zesummenaarbecht mam Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CC-CDV) an engagéiert sech weiderhi fir hir Museksmaterialien fir all Kand zougänglech ze maachen.